Zdroj: http://wikisource.org/wiki/Evangelium_vum_Hellege_Luc#Lk_15.2C1-32
3 Hien awer huet hinnen dëst Gläichnes erzielt: 4 „Wie vun iech, deen honnert Schof huet an eent dervu verléiert, léisst net déi néngannongzeg an der Wüüst zréck a geet deem verluerenen no, bis hien et fënnt? 5 A wann hien et fonnt huet, hëlt hien et voll Freed op seng Schëlleren; 6 kënnt hien dann heem, rifft hien d'Frënn an d'Noperen zesummen a seet zu hinnen: 'Freet iech mat mir, well ech hu mäi Schof, dat ech verluer hat, erëmfonnt!'
Počet shlédnutí: 71